INFORMATIOUNEN IWWER EIS

Eist Team besteet aus 3 erfuerenen DJs déi schon an hierer Jugend opgeluegt hun. Dës sin de Frenz, de Paul an de Serge.
Spezialiséiert si mir an der Musëk vun den 70er bis 90 Joeren, mir spillen awer och aktuell Sachen. Mir hu gespillt fir Themen ewéi "Oldie-Disco", "Privat Party", "Betriebsfeier", "Après Ski", "Oktoberfest", "Halloween Party", "Ballermann Party", "Grillfest", "Chrëschtfeier", "Fuesbal" an mir spillen och "Open Air" (Zelt). Mir hun z.B. um Fuesbal „Alles Am Abseits“ vum Fussballklub „Progrès Nidderkuer“ opgeluegt. Eist Equippement gouf do vun den „Happening DJs“ dem Serge, dem Paolo an dem Walter gelount. Gespillt hu mir nët nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä och am Frankräich an an Däitschland. Eis Anlagen, déi klengst huet 1500 Watt Leeschtung (RMS) an déi gréisst 25000 Watt (RMS). U Geliichts hu mir bal alles wat ët um Maart gët. Eist Equippement as modern, eis Luuchten sin all mat LED bedriwwen fir de Stoumverbrauch kleng ze halen. Eis „Hazer“ produzéieren e liichten Donst fir d‘Luuchten ze ënnerstëtzen. Niwwelmaschinen benotze mir fir eis fuerweg Laser-Shows. 5 Laser, dovunner 2 grënger mat enger Leeschtung vun 10 mWatt an 3 RGB Laser mat je  3 x 2,5 Watt. Bei Video Projektiounen fir z.B. Texter, Reklammen, Musëk Videoen, Karaoke a.s.w. hu mir 3 kräfteg Projekteren a verschidden Leinwänn vun 3m x 2m bis 6m x 4m. Fir Chrëschtfeieren oder Wanterfester hu mir eng Schnéimaschin. Och bei Temperaturen iwwer Null kënne mir Schnéi produzéieren.  Fir Beach-Partyen oder Grillfester benotzen mir eventuell Schaummaschinen, oder/an och e Waasser-Pool vun 6 x 4 Meter. Beim Pool passt en staatlech zertifizéierten Schwammmeeschter op.

Falls Dir weider Infoen braucht, dann drëckt op: